Léif Lieserin, léiwe Lieser,

 

Wat ass « Teamkids.lu »

 « Teamkids.lu » ass eng Internetsäit, déi gezielt op d’Kanner aus dem Cycle 4 ausgeluegt wäert ginn. Sou fanne mer geschwënn aktuell Informatioune fir d’Kanner an hier Elteren, interessant Projeten (Meteo, Astronomie), an an engem Passwuert geschützte Beräich och individuell Portfolioen mat lafenden an ofgeschlossenen Aarbëchten vu Kanner. Et ass och een Deel virgesinn, wou d’Kanner online gemeinsam un Aarbëchte schaffe kënnen, am Sënn vun enger kollaborativer Léierplattform. Dee wichtegsten Deel soll awer eng Zort Geschirkëscht sinn, déi no a no matt Handwierksgeschir gefëllt gëtt, déi d’Kanner op hirem Wee an de Lycée musse beherrsche léieren.

Hei e puer Beispiller :

  • Wéi geet dat, fir Zuele mat Komma ze ronnen ?
  • Wéi geet scho méi eng schrëftlech Divisioun mat Dezimalzuelen ?
  • Wéi benotzt een de Geodräieck fir Wénkelen ze moossen ?
  • Wéi fonctionnéieren « verbes pronominaux » am « passé composé » ?
  • Wéi kann ech Befehler ginn am Franséischen ?
  • Wéi kann ech en däitschen Text méi ausdrocksstaark gestalten ? (Lëscht mat staarken Ausdréck)
  • Wéi moolt een detailléierte Bam ?
  • Wat ass scho méi den Ënnerscheed, tëscht der Altsteinzeit an der Jungsteinzeit?

 

Donieft wäert och eng Linksammlung entstoen, mat

 

  • Referenzwierker (online Dictionnairen, Verbebicher…)
  • klasseschen Widderhuelungsaufgaben
  •  Experimenter…

 Wat « Teamkids.lu » ni wäert sinn :

 

  • eng Vitrine, wou Kanner sech selwer duerstellen
  • ee Site, wou ee Perséinleches iwwert Kanner gewuer gëtt

 

Wat « Teamkids.lu » ëmmer wäert sinn :

  • eng Zort schoulesch Geschierkëscht fir Kanner
  • eng Sammlung vu villfältegen Informatiounen a Noschlowierker

 

Les cookies nous permettent de vous fournir plus facilement nos services. Avec l'utilisation de nos services, vous nous autorisez à utiliser des cookies.
Ok